WIEN A FIRWAT

Mäin Numm ass Joëlle Schwinnen; ech hunn 2013/2014 d'Formation continue « Lëtzebuerger Sprooch a Kultur » gemaach fir kënne Lëtzebuergesch Coursen ze ginn.

 

Dobäi ass mer opgefall, datt et kee vergläichbare Site gëtt, wou mat multimedialen didakteschen Exercicer lëtzebuergesch ka geüübt ginn. Doropshin hunn ech dës Säit mat der Plattform Learning apps (www.learningapps.org) realiséiert. Ech wéilt dem Team vu Learning Apps ganz häerzlech Merci soe fir dës wonnerbar Säit mat där et ganz einfach ass fir didaktescht Material ze erstellen. Et ass e Fuerschungs- an Ëntwécklungsprojet vum "Zentrum für Bildungsinformatik der Pädagogischen Hochschule Bern" a Kooperatioun mat der Uni vu Mainz an der Hochschule Zittau/Görlitz

 

Ech plange fir nach weider Exercicer fir aner Niveauen auszeschaffen; kuckt also heiandsdo eran. Wann der Iddien oder Suggestiounen hutt, am Enseignement sidd oder och Loscht hutt, fir esou Exercicer auszeschaffen, dann zéckt net, fir mech ze kontaktéieren:joelle.schwinnen@pt.lu

 

 

Joëlle Schwinnen

Formatrice de Luxembourgeois certifiée uni.lu